- Eng Auswiel vun den schéinsten Box Arts.
- Sou presentéiert sech d’Bibel nom auspaken
- Collector Editioun Hardcover mat Artwork vum Orioto
- Gewënnspill Coupon mat Saachen vun Pix’n Love ze gewannen.
- All Accessoire gëtt virgestallt, och selten Hardware aus Japan.
- Geschicht vun der Super Nintendo
- Artworks vum Kënschtler Orioto, op Glossy Papéier.
- D’Collectors Editioun ass op 3800 Stéck limitéiert
- Iwwert 2000 Spiller gin kuerz ugetest.
Vun ? | Editions Pix ‘n Love |
Wou ? | Online Bestellung |
Fir ? | 49,90€ |
Gesamtandrock
Nodeems Pix ‘n Love scho Bibelen erausbruecht hunn fir d’PC-Engine an d’NES, ass et elo un der Zait fir Super NES. Qualitéit ass insgesamt ganz héich an et mierkt een den Auteuren un dass se sech gutt mam Material auskennen.
Den Look vun der Collector Editioun imitéiert eng Super Nintendo, et “klappt” een den Kartong op, an et kann een d’Buch aus dem Kartong eraushuelen.
An iwwert 380 Säiten gëtt een quasi alles iwwert eng vun den beschten 16Bit Konsolen gewuer. Vun den Ufäng, iwwert d’Accessoiren bis hin zu den iwwert 2000 Spiller, alles gëtt grëndlech virgestallt.
Als besonneschen Clou kann een sech een vun den matgeliwwert’en Artworks vum Kënschtler “Orioto” als “Cover” fir den Kartong auswielen.
Leider ass d’Collector Editioun net méi erhältlech, mee et gëtt nach eng Standard Versioun fir 39,90€ ze kafen.
Méi Artworks vum Orioto : http://orioto.deviantart.com/
Rezent Kommentare