Power Blade
Waat ? | Action / Platformer |
Wou ? | NES |
Wéini ? | 1991 |
Vun ? | Taito |
Fir ? | 1 Spiller |
Jorelaang hunn ech dëst Spill ignoréiert, haaptsächlech wéinst deem hässleche Cover. Deemools konnt ech mir einfach net virstelle wellecht Juwel hannert deem Spill mat deem bëllegen Arnold Schwarzenegger Abklatsch Bild stécht.
Notice
„Never Judge a book by it’s Cover“Dës Ausso trëfft da wuel och op NES Spiller zou.
Kuerz nom Aschalte begréisst ee schonn den Titel Schierm mat enger super Musek. Eng Musek déi den héijen Niveau iwwert ganz d’Spill kann halen.
6 Start Levels kann een sech, wéi bei Mega Man, an enger x-beliebeger Reiefolleg auswielen. Iwwerhaapt erënnert de Gameplay un de Mega Man, ausser dass een hei keng Waffe vun den Boss Géigner kritt.
D’Levels sinn verzweigt an bidden alternativ Routë bis bei de Boss. Ënnerwee muss een awer eng Persoun fannen déi eng Code Kaart huet. Ouni dës Kaart steet een da mol virun enger zouener Boss Dier.
Taito beweist mol rëm mat dësem Titel dass si zu NES Zäite wierklech ee gutt Händchen hate fir gutt Spiller eraus ze bréngen.
Gameplay Video:
Den Nofolger – originellerweis Power Blade 2 genannt, ass zwwar méi rare, mecht awer net sou vill Spaas wéi den 1ten.
Fir Fans vun :
Mega Man – Whomp ’em
Präis Prognose :
ëm déi 5 € (loose)
Tips n’ Tricks
Easy Boss Kill
Fir Level 1 an 3. Direkt nodeems ee bei de Boss kënnt, eng Bomm zünden an d’Spill pauséieren. E puer Sekonne waarden, an d’Spill fortsetzen. Wann den Timing richteg ass, dann huet sech déi Saach mam Boss erleedegt.
Rezent Kommentare