GYMNK : Capt’n Havoc [MD]

Capt’n Havoc Cover

Capt’n Havoc

Waat ? Jump ‘n Run
Wou ? Mega Drive
Wéini ? 1993
Vun ? Data East
Fir ? 1 Spiller

 

Ufanks der 90er hat SEGA immense Succès mat hirem Sonic. Schnelle Gameplay an flotte Leveldesign woren do um RDV. 2 Joer méi spéid bréngt Data East ee Sonic “Klon” eraus, deen dem Sonic seng Platz sollt anhuelen.

PAL Gamepak

PAL Gamepak

Titelschierm

Titelschierm

Capt’n Havoc (och als Capt’n Lang oder High Seas Havoc a Japan resp. Amerika bekannt) ass bei wäitem kee schlecht Spill. Ganz am Géigendeel, et ass souguer ee ganz gutt Beispill vun engem Jump ‘n Run. Et ass an der Flut vun de ville Jump ‘n Runs vun der Zäit einfach net opgefall.

 

Story

Story

Screenshot

Screenshot

20 Joer méi spéid hunn ech dës Perl per Zoufall entdeckt. Et spillt sech immens flott, net grad sou hektesch wéi ee Sonic. Just ee Button gëtt gebraucht (1x fir ze sprangen, 2x fir eng Attacke), méi einfach geet et net.

 

Boss Fight

Boss Fight

Gameplay

Gameplay

Is it Fun ?!?

Gameplay Video :

Fir Fans vun :

Sonic – Aladdin – Rocket Knight Adventures

Präis Prognose :

ëm déi 10 € (loose)

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2013/06/gymnk-captn-havoc-md/

1 comments

  1. Salut 🙂
    Hun d’spill grad um Emultor getest also dei 1. drai Levelen an ass effektiv extrem vill vu Sonic dran. Virun allem dei Klippen dei erof faalen esou baal wei een drop treppelt an och d’art a Weis wei den Boss ausgeschalt gett 😉 Awer et spillt sech schein flesseg woubai ech et net gudd fannen dass nemmen een Button benotzt gett well ech giff och gaer ugraifen wann ech um Bueden stinn an net emmer sprangen mussen 🙂 other than that seems like a fun play to me 😀
    Weider esou
    Patrice

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.