GYMNK : Code Name: Viper [NES]

Code Name Viper

 

Code Name: Viper

Waat ? Action Platformer
Wou ? NES
Wéini ? 1990
Vun ? Capcom
Fir ? 1 Spiller

Während der 8Bit Ära war een oft jalous op japanesch oder amerikanesch Spiller. An Europa ass bei wäitem net all NES Spill erauskomm an sou munchen Action Kracher hunn mir nie ze gesi kritt.

 

Code Name : Viper fält an dës Kategorie. D’Spill ass nëmmen an Japan oder Amerika erhältlech, an leeft defacto och nëmmen dowéinst op enger gemoddeter EU NES Konsole.

Fir et direkt kloer ze stellen, alleng dëst Spill (merci Capcom !) rechtfertegt d’modden vun der NES (wat niewebäi bemierkt ass eng relativ einfach Operatioun ass)

NES - US Cart

NES – US Cart

Titel Schierm

Titel Schierm

Et ass een immens flott Action Spill, wellecht sech herrlech vu Rolling Thunder an Shinobi huet inspiréiere loossen.

Fans vun 2D Action gi beschtens servéiert, souwuel vum Gameplay, Audio an visuell.

Story

Story

Shinobi anyone?

Shinobi anyone?

An all 7 Level muss een (hannert Dieren verstoppten) Gefaangenen sichen deen ons eng Granat an de Grapp dréckt fir den Level Ausgang fräi ze kréien.

Wéi et sech fir een NES Spill gehéiert ass den Challenge relativ héich. D’Spill motivéiert awer duerchzehalen, an et ass een Genoss fir all Unhänger vun einfacher an flotter Action. Et ass méiglech et an 30 Minuten duerch ze spilen, mee dofir muss een awer eng ferme drop hun.

 

Welcome to the Jungle

Welcome to the Jungle

Surprise!

Surprise!

 

Gameplay Video :

Fir Fans vun :

Präis Prognose :

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2013/07/gymnk-code-name-viper-nes/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.