Felix the Cat
Waat ? | Jump ‘n Run |
Wou ? | NES |
Wéini ? | 1992 |
Vun ? | Hudson Soft |
Fir ? | 1 Spiller |
Hudson Soft presentéiert ufanks den 90er een ganz klassesche Jump’n Run fir d’NES. Wat en besonnescht mécht ass einfach dem GamePlay ze danken. D’Stéierung ass immens reaktiv, an d’Spill mécht einfach immens vill Spaass (Soulaang een mat Jump’n Runs eppes ufänke kann)
Deen eenzegen Negativ Punkt, am Géigesaz zu engem Mario kann een kengem Géigner op de kapp sprangen. No Jorelaangem Mario Spille muss en e bëssi ëmdenken, an d’Geigner mat enge vun den villen Aktiounen onschiedlech maachen. No enger Zäit flutscht dat ganz vum selwen.
A Propos Aktiounen, den Felix huet (jee no Unzuel agesammelten Mënz) ënnerschiddlech vill Hit-points an deemno souvill ënnerschiddlech vill Verwandelungen. Dat geet vum einfache Kofferträger bis Panzer Fuerer iwwert Fliger Pilot.
Grafik ass vir NES Verhältnisser gutt detailléiert an dréit dank den kloren Faarwe gutt zur Ambiance bei.
D’Spill ass net sonnerlech schwiereg, wann een et fäerdeg bréngt den Niveau vun den Verwandelungen héich ze halen, kann engem bal näischt passéieren, ausser et fält een an een Lach. Aus dëse Grënn ass et ideal fir Ufänger oder Kanner.
Gameplay Video:
Fir Fans vun :
Important!
Super Mario – KirbyPräis Prognose :
Warning!
ëm déi 15 bis 20 € (loose)
Rezent Kommentare