Sonos ass un sech eng super Saach, einfach ageriicht, einfach ze gebrauchen an e gudde Sound, just blöd dass et fir de Moment just eng Integratioun fir Amazon Echo gëtt, a keng fir Google Assistant. De Sonos kann een also nëmme via Alexa (Amazon) mat der Stëmm stéieren (“Alexa, spill AC/DC um Sonos”). Google User mat hirem “OK Google / Hey Google” waarden op déi versprachen Integratioun, welch laut Sonos nach 2018 erauskomme soll.
Lo ass et awer sou dass et mam Google Assistant guer net geet. An dësem Artikel erklären ech wéi ech bei mir doheem e puer Radio Sender an Albume vum Sonos via Google Assistant stéieren.
An dat ouni Cloud Servicer wéi IFTT oder Yonomi ze benotzen, nëmme Cloud Servicer vu Google sinn néideg (logesch, ouni déi jo och kee Google Assistant)
Hei kënnt den Home Assistant an d’Spill. Ee kuerze Resumé vun den eenzelen Etappen:
- Radio Sender / Albumen / Playlists an der Sonos App bei “My Sonos” dobäisetzen
- Am Home Assistant de Sonos als Media Komponente dobäisetzen, d’Radio Sender /Albumen / Playlists vun “My Sonos” kënnen als Sourcen ugesteiert gin am Home Assistant
- Pro Entrée vun “My Sonos” een entspriechende Skript erstellen
- All eenzele Skript dem Google Assistant zur Vergügung stellen
- A Google Assistant just nach ee Link (Shortcut/Verknüpfung) op all eenzele Skript definéiere
Warning!
Waat gëtt benéidegt?
- Sonos (Duh!)
- Home Assistant mat Google Assistant Komponente, entweder manuell oder automatesch
Radio Sender / Albumen / Playlists an der Sonos App bei “My Sonos” dobäisetzen
Sou gesäit et bei mir aus: 1-2 Albumen, 1 Playlist an e puer Radio Sender (net um Screenshot ze gesinn):
Home Assistant
Am Home Assistant op “Astellungen“, dann op “Integrations” klicken. Do einfach bei Sonos” “Configure” klicken:
No enger Zäitchen sollt een Media Player mam Numm (deen an der Sonos App ageriicht gouf) optauchen ( z. bsp. media_player.sonos_living)
Mir brauchen d’entity_id vum Sonos, déi fënnt een an den Entwécklungsgeschir -> Zoustänn ( Developer Tools -> States)
An dësem Beispill ass d’entity_id media_player.wohnzimmer_3
An den Quellen vum Mediaplayer fënnt een déiselwecht wéi an der Sonos App erëm, gutt ze gesinn wann een d’Mediaplayer regroupéiert huet (via groups.yaml):
D’Nimm vun de Quellen entspriechen den Nimm vun der Sonos App!
Skript
Den Skript am Home Assistant ass relativ simpel, et gëtt einfach den Service media_player.select_source opgeruff:
Et ass wichteg den richtegen Media Player auszewielen, (entity_id) an d’Valeur vum “source” muss genau sou sinn wéi se an der Sonos App heescht.
An dësem Beispill heescht de Skript “Google VA – Play Eldoradio on Sonos“, de Service “media_player.select_source” gëtt mat de Parameter “Media_player.wohnzimmer_3” (mäin Sonos) an “Eldoradio 105.0 (top 40/Pop)” opgeruff.
Skript publizéieren
Fir de Skript dem Google Home zur Verfügung ze stelle musse mir fir d’éischt mol seng ID kennen. Dofir an “Entwécklungsgeschir -> Zoustänn” ( Developer Tools -> States) goen, an nom Skript sichen:
An dësem Fall ass d’ID vum Skript “script.1531510062722”
Google Assistant Verknüpfen
An der Konfiguration vum Home Assistant muss all eenzele Skript exposéiert ginn :
(Auszuch vu configuration.yaml)
google_assistant: project_id: !secret ga_project_id client_id: !secret ga_client_id access_token: !secret ga_access_token agent_user_id: !secret ga_agent_user_id api_key: !secret ga_api_key expose_by_default: true exposed_domains: - switch - light - climate - cover entity_config: <strong>script.1531510062722</strong>: name: Play Eldoradio on Sonos expose: true <strong>script.1531510114567</strong>: name: Play Classic21 on Sonos expose: true <strong>script.1531510153808</strong>: name: Play RTL on Sonos expose: true
Lo ass et un der Zäit fir Home Assistant frësch ze starten. Nodeems dat geschitt ass kann de Google Assistant (no enger Synchronisatioun) déi néi Skripten entdecken an zur Smarthome Stéierung dobäisëtzen.
Well awer de Saatz “aktiviere Play Eldoradio on Sonos” einfach ëmständlech ass an iwwerhaapt zimlech schäiss kléngt ass et sënnvoll nach “Shortcuts” oder “Verknüpfungen” dobäi ze setzen.
Beispill :
An dësem Fall reagéiert Google Assistant entweder op “Spiele Eldoradio auf Sonos”, oder “Spill Eldoradio op Sonos”
Fir weider Iddien oder Hëllef zum Home Assistant kuckt w.e.g meng aner Artikelen, oder hannerloosst mir ee Kommentar hei ënnen.
Rezent Kommentare