Firwaat?
De Goal vun all Automatisatioun ass et fir Ofleef déi ee reegelméisseg widderhëlt vu Maschinne maachen ze loossen. Een Oflaf dee mech all Dag nervt ass d’Garage opzemaachen:- Mam Auto an der Afaart stoen ze bleiwen
- De Garagen Ëffner ze sichen
- Fluche wann deen Dreck’s Ëffner mol erëm ënnert de Sëtz fält
- Waarde bis d’Garage op ass
Waat brauche mir?
Fir dass alles klappt, brauche mir:- Wifi Empfang (bis bei de Motor vun der Garagëpaart an d’Afaart)
- USB am Auto (kann och 12V Adapter sin)
- Ee Module deen de Motor vun der Paart steiert. Dat kann zum Beispill een Sonoff SV sinn. Ech hunn mech fir den Opengarage entscheet, dee bitt nach zousätzlech Distanz Moosser un. (Praktesch fir ze moossen op d’Garage eidel ass)
- Home Assistant mat engem MQTT Broker
- Wemos D1 Mini als “Schlëssel” fir an den Auto
Wei geet et?
- Auto mam D1 Mini fiert an d’Afaart
- D1 Mini verbënnt sech mam Wifi
- De Programm am D1 Mini schéckt ee MQTT Message un de Broker
- Dëse Message aktivéiert ee Sensor am Home Assistant
- Dëse Sensor aktivéiert eng Automatisatioun déi ee Befeel “Open Garage” un d’Stéierung vum Garagë Motor weiderleet.
Programm
De Programm fir den D1 Mini hunn ech op Github fonnt, den ADERUSHA huet sech d’Méi gemaach dat alles propper ze dokumentéieren Hei de Code fir de Programm via Arduino-IDE ze compiléieren: https://github.com/aderusha/MQTTCarPresence/blob/master/MQTTCarPresence/MQTTCarPresence.inoMQTT Broker
Als MQTT Broker benotzen ech de Mosquitto, dee leeft um selwechte Raspberry Pi wéi den Home Assistant. Hei d’Konfig vum Broker (anonymous user ass aus, et muss een sech mat user/passwuert aloggen)#/etc/mosquitto/mosquitto.conf # A full description of the configuration file is at # /usr/share/doc/mosquitto/examples/mosquitto.conf.example pid_file /var/run/mosquitto.pid persistence true persistence_location /var/lib/mosquitto/ log_dest file /var/log/mosquitto/mosquitto.log allow_anonymous false password_file /etc/mosquitto/pwfile listener 1883
Home Assistant
Hei d’Konfig vum Home Assistant, Auszuch aus der configuration.yaml:mqtt: discovery: true discovery_prefix: homeassistant broker: 127.0.0.1 username: !secret mqtt_user password: !secret mqtt_passwordD’Automatisatioun setzt sech aus engem Ausléiser (On/Off Sensor welche vun de MQTT Messagë gespeist gëtt) an enger Aktioun (Service cover.open_cover opruffe mat der Entitéit vun der Stéierung vum Motor) Wann ech lo mam Auto bäifueren, dann geht direkt d’Garage op, wonnerbar!
Ähnlech Artikel:
Smarty - Energie Verbrauch vum Haus an Echtzäit am Home AssistantApril 26, 2019
Wäschmaschinn / Trockner iwwerwaache mat Notifikatioun wa se fäerdeg sinnJuly 2, 2020
Kniwwelino - Publish and subscribe to custom MQTT BrokerMay 30, 2018
Home Assistant - Troubleshoot Configuration Files and Real-Time LogsJanuary 19, 2018
Home Assistant: One-click System Check with color lightDecember 5, 2017
Rezent Kommentare