Doheem huet een ëmmer do wou een sech am meeschten ophält de schlechtste Radio Empfang. An mengem Fall ass dat d’Kichen. Beim Raume vum Keller hunn ech aalt Geschir erëmfonnt, méi konkret e puer al Lautsprecher vun enger aler Stereo-Anlage. Déi missten dach nach iergendwéi ze gebrauche sinn oder?
Doropshi mol kuerz de Raspberry Pi Zero W (deen un sech fir eppes anescht geduecht war) zweckentfriemt, an ee Mini Internet Radio / Spotify Player mëttels Volumio gebastelt.
Problem beim Raspberry Pi ass de schlechten Audio-Ausgang (wann en iwwerhaapt een huet, net sou wéi de Pi 0), do kann een entweder een DAC oder AMP Zousazapparat benotze welch d’Audio Qualitéit enorm verbesseren. DAC steet fir Digital Analog Converter. Den Amp ass een Amplifier, d.h. dee verstäerkt zousätzlech nach d’Audio Signal. (Ee Muss falls ee Passiv Lautsprecher bedreift)
Ech hunn der 2 heiheem fir ze testen, 1 HiFiBerry DAC+ Zero an 1 Justboom Amp Zero.
Aktiv / Passiv Lautsprecher?
Aktiv Lautsprecher hunn een eegent Netzdeel, an dësem Fall geet et duer fir een DAC zesumme mam Raspberry ze benotzen.
Passiv Lautsprecher hunn keen Netzdeel a musse vum Audio-System alimentéiert ginn. Klassesch Stereo-Anlage komme meeschtens mat Passiv Lautsprecher. D’Maximal Leeschtung vum Verstäerker (AMP) sollt deene vum Lautsprecher entsprieche fir d’Lautsprecher net ze beschiedege wann een se mol op 11 opdréint. Och d’Impedanz ass wichteg, mee déi meescht Verstäerker souwéi de Justboom gi mat Impedanze vu 4 bis 8 eens.
Volumio?
Volumio ass ee System speziell entwéckelt fir Musek op klengen EeplatinenComputer wéi de Raspberry Pi ze lauschteren. Et ginn eng Rëtsch vu Plugins, sou wéi zum Beispill fir Musek vu Spotify aus kënnen ze streamen.
Käschtepunkt
Präisser ermëttelt via reichelt.de (stand: Oktober 2018)
Aktiv Lautsprecher (HifiBerry DAC Zero +) | Passiv Lautsprecher (JustBoom AMP Zero) | |
Raspberry Pi Zero W | 15,50€ | 15,50€ |
Micro SD 16GB Class 10 | 9€ | 9€ |
JustBoom AMP Zero | – | 27,95€ |
HifiBerry DAC+ Zero 17,90 | 17,90€ | – |
Netzdeel | 11,70€ | 18,49€ |
optional: Gehais | 13,35€ | 14,95€ |
Total |
67,45€ (mat Gehais) 54,10€ (ouni Gehais) |
85,89€ (mat Gehais) 70,94€ (ouni Gehais) |
Meng Erfarungen:
Important!
Qualitéit vum Sound gëtt duerch d’Lautsprecher bestëmmt.Warning!
Hifiberry Adc+ Zero : USB Powered Lautsprecher op separatem Netzdeel bedreiwen, soss entsteet ee Brummen. De Problem hat ech mol mat den IKEA USB ChargeurWarning!
Hifiberry: D’Integratioun am Volumio war e bëssi problematesch, eréischt wann ech de Module als “Adafruit…” ausgewielt hunn huet et funktionéiert.Important!
Justboom: Nëmmen 1 Netzdeel erfuerderlech, bëssi méi Power a Wumms wéi mam HifiBerry DAC+ ZeroInsgesamt mécht de Justboom Amp Zero dee besseren Androck fir mech mat mengen passiven Lautsprecher. Volumio funktionéiert wéi virgesinn, an ass einfach wéi Bonjour an der Benotzung.
Volumio op engem Raspberry Pi Zero W ass eng wierklech gelonge Kombinatioun, falls een nach (gutt) Lautsprecher doheem huet. Falls ee bereed ass 100€ méi z’investéieren ass ee villäicht awer mat enger Sonos Play:1 besser drun, well déi einfach gudde Sound hunn fir dee Präis (ca 170€)
Obwuel Volumio Open-Source ass hun ech mir d’App fir de Smartphone fir 2,29€ kaaf, fir den Développement vum Produit z’ennerstëtze.
Rezent Kommentare