
Oldschool
Dëse Summer war et aussergewéinlech waarm. Graad dunn hun mir net gemierkt hunn dass onse Frigo am Keller lues a lues futti gaangen ass. Réischt wéi de Béier net méi richteg kal war huet et ons gedimmert dass eppes net stëmmt. De Frigo huet et nach bis op ~13°C gepackt, drënner war näischt méi dran. Erausfonnt hunn ech dat mat engem klasseschen Thermometer.

Xiaomi Temperatur Sensor
Dunn sinn ech op d’Iddi komm fir déi Xiaomi Zigbee Temperatur Sensoren (déi ech scho quasi iwwerall am Haus hunn) mol an de Frigo ze leeën. Wéinst der décker Isolatioun vum Frigo hunn ech mir geduecht dass d’Signal et net bis bei seng Gateway packt. Zum mengem groussen Erstaune klappt dat relativ einwandfrei!
Lo hunn ech 2 Temperatur Verlafe vun den 2 Frigo iwwert déi läscht 24 Stonnen, a kréien eng Alerte geschéckt wann ee vun de Frigoen iwwert 10°C klëmmt.

Temperatur Verlaf vun de läschte 24 Stonne
Hei ass d’Automatioun vun der Alerte:

Automatioun vum Home Assistant fir d’Alerte
An esou gesäit d’Alerte aus:

D’Alerte am Telegram
Rezent Kommentare