Waasser Melder Aläerte

Waasser Melder Aläerte

Ee vun de schlëmmsten Albdreem vun all Bewunner ass eng Waasser Fuite. Am schlëmmsten ass et falls dës Fuite onentdeckt bléift an een dann no e puer Stonnen (oder Deeg) eng onerfreelech Entdeckung am Keller mécht.

Gutt dass d’Kollege vu Aqara (eng sous-marque vun Xiaomi) genausou ee Waasser Melder Sensor am Sortiment hunn, den Aqara XYZ. Kascht nëmmen e puer €, mee erlaabt et schnell gewuer ze gi wann iergendwou Waasser ass wou et näischt verluer huet. (Nieft der Wäschmaschinn um Buedem zum Beispill)

De Sensor ass Waasserdicht, an huet op der Buedem Säit zwee Metalle Kontakter. Ginn déi 2 Kontakter kuerzgeschloss, wéi zum Beispill duerch Waasser, schéckt de Sensor eng Notifikatioun un seng Gateway (ouni déi funktionéiert dat ganzt och net)

Alimentéiert gëtt de Sensor duerch en Standard CD2032 Batterie, déi ouni Problem mindestens 1 Joer aushält

Am Home Assistant hunn ech mir och e puer Aläerten ugeluecht déi mech iwwerall direkt informéiere wann ee Waasser Sensor ausgeléist huet.

- action:
  - data:
      message: Alerte -  Wasser Keller
    service: notify.hiscorebot
  - data:
      message: Alerte - Wasser Keller
      target: '+352621123456'
    service: notify.fbmessenger
  - data:
      message: Wasser am Keller
      title: Alerte
    service: notify.html5push
  alias: Waasser Alerte
  condition: []
  id: '1524076609336'
  trigger:
  - entity_id: binary_sensor.water_leak_sensor_158d000211b2f2
    from: 'off'
    platform: state
    to: 'on'

Am Frontend gesait se sou aus:

Home Assistant Automatioun
Home Assistant Automatioun wann den Sensor aktiv gëtt

An hei ass d’Resultat wann de Sensor am Waasser läit:

Waasser Alerte um Smartphone
Notifikatioun um Smartphone via HTML5 Push an Telegram Noriicht

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2018/11/waasser-melder-alaerte/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.