Shelly4Pro lokal iwwert MQTT steieren

Dëser Deeg ass endlech de Shelly4Pro ukomm deen ech Enn läscht Joer bestallt hunn. D’Nofro vun de Shelly Produkter ass sou héich dass d’Firma Allterco net méi mat der Produktioun nokënnt. Et si jo schonn e puer Shelly1 bei mir am Betrib, an elo ass et un der Zäit fir de Shelly4Pro wéi gewinnt via MQTT unzesteieren, an dat ganzt mam Home Assistant.

Shelly4Pro ?

De Shelly4 Pro ass ee 4 Kanal Wifi Relais (inkl LCD Ecran), mat jeeweils 10A pro Kanal. Ideal also fir an engem Appartement/Haus eng Rëtsch Eltako’s z’ersetze fir d’Luuchtesteierung.

Shelly4Pro
Shelly4Pro

Hiergestallt gëtt en an der EU (Bulgarien) an huet all néideg Elektro Zertifikatioun. Fir 69€ kann en se op der shelly.cloud Sait bestellen.

Schalte kann een all Kanal mat folgenden Optiounen:

  • Schalter oder Taster
  • Shelly Smartphone App
  • Web Interface
  • MQTT Broker

Anescht wéi beim Shelly1 oder Shelly2 kann en beim Shelly4Pro net eng “custom” Firmware (zum Beispill Tasmota) drop installéieren. Mee keng Suerg, den Hiersteller Allterco verfollegt een “Open-Source” Prinzip, am beim 4Pro kann een op de Cloud Betrib verzichten an “out-of-the-box” ee lokale MQTT Broker benotzen.

Shelly4Pro MQTT Konfiguratioun

Wann de Shelly4Pro bis mam Wifi verbonnen ass kann een op sengem Ecran déi aktuell IP Adress ofliesen. Dës Adress einfach am Browser opruffen an et lant een direkt op der Haaptsäit:

HaaptSäit vum Web Interface
HaaptSäit vum Web Interface

Mir interesséieren ons fir “Settings”, an do “Advanced – Developper Settings”. Do geet et duer fir “Enable action execution via MQTT” z’aktivéieren. Dobäi ginn all d’Cloud Funktiounen ofgeschalt. Nach MQTT Broker Astellungen aginn (Broker IP, eventuell ee Login) a schonn ass d’Konfiguratioun ofgeschloss.

Advanced Settings
Advanced Settings

Home Assistant MQTT Konfiguratioun:

Pro Kanal benotzen ech 2 MQTT Enitéiten, 1 x Switch an 1x Sensor (fir d’Leeschtung an W).

switch:
  - platform: mqtt
    name: "Shelly4Pro-1"
    command_topic: shellies/shelly4pro-714D9D/relay/0/command
    state_topic: shellies/shelly4pro-714D9D/relay/0
    payload_on: "on"
    payload_off: "off"
    retain: "true"
sensor:
  - platform: mqtt
    name: "Shelly4Pro-1-Power"
    state_topic: shellies/shelly4pro-714D9D/relay/0/power
    unit_of_measurement: W

Déi aner Kanäl kann ee via shellies/shelly4pro-714D9D/relay/1 resp shellies/shelly4pro-714D9D/relay/2 an shellies/shelly4pro-714D9D/relay/3 usteieren.

Resultat

Live Demo
Resultat am Home Assistant
Resultat am Home Assistant

Méi ass et wierklech net. D’Shelly Gamme vun Allterco kann ech nëmme recommandéiere fir d’Haus “Smart” ze maachen, an dat ouni relativ vill Opwand.

Denk drun dass de Shelly4Pro pro Kanal op 10A limitéiert ass, en ass also net ideal fir Steckdousen ze schalten! Wann d’Famill fir Chrëschtdag zum Beispill 2 Fondue’s Dëppen un enger Steckdous bedreift ass ee ganz schnell iwwert 10A! Et besteet dann akut Brandgefor!

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2019/03/shelly4pro-lokal-iwwert-mqtt-steieren/

2 comments

    • Marc on March 28, 2019 at 9:48 am
    • Reply

    Hmm.

    Funktionéiert dat mam Wifi och nach, wann deen an der Schalttafel mat der blechener Dir am Keller setzt?

    1. Natierlech ass een gudde WiFi Flicht. Bei mir ass een Ubiquiti AP nieft dem Elektro Schaf, sou dass ech mir déi Fro net brauch ze stellen.

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.