8BitDo Arcade Stick Sanwa Upgrade
Dësen Artikel beschreift den Remplacement vum Stick an Knäppercher vun engem 8BitDo Arcade Stick mat Sanwa Material.
8BitDo Arcade Stick?
Den 8Bitdo Arcade Stick ass ee relativ gënschtegen Arcade Stick, deen entweder via USB oder Bluetooth mat alle gängege Plattformen (PC, PS4, Switch etc..) funktionéiert. Duerch seng schwéier Metalle Base mat Gummi Noppe rutscht en och net fort. Weider Detailer fënnt een um Site vum Hiersteller.
Ech si Fan vun de Produite vum dëser Mark, wéi ech schonn an der Vergaangenheet heiansdo bemierkt hunn.
Wisou Knäppercher wiesselen?
D’Original Knäppercher a Stick vun 8BitDo si gutt fir de Präis vum Stick. Mee nach laang net sou gutt wéi d’Referenz an deem Beräich: Sanwa.
8BitDo huet virgesuergt andeems d’Knäppercher an de Stick déiselwecht Standard Moosse vu Sanwa hunn. Dohier ass een Echange och keng Hexerei.
E puer Schrauwen eraushuelen, fir un d’Uschlëss ze kommen, déi al lassklemmen, an déi nei eran. Fäerdeg! Einfach wéi Bonjour.
Just beim Stick ginn et puer Upassungen. Den Original Stick huet fir all “Richtung” vum Stick 2 Kabele virgesinn (Data + GND), mee de SANWA Stick schafft mat engem “Common Ground”, d.h. just ee GND fir all 4 Richtungen. Dohier muss een um Niveau vum Cablage e puer Upassunge maachen. Ech hunn dofir einfach e puer al Lüsterklemme benotzt.
De Common Ground sëtzt op der ënneschter Réi vum Stécker, hei um Bild besser ze gesinn:
Zousätzlech Fotoen:
Rezent Kommentare