Kniwwelino Factory Reset

Problemer mat engem Kniwwelino?

Wéi ech mam Kniwwelino gespillt hunn fir mir eng Art Télécommande fir ee Volumio/Sonos Medie Spiller ze bauen hat ech e puer mol de Problem dass beim flashen vum Programm eppes schief gang ass. De Kniwwelino war net méi “uspriechbar” an huet permanent een USB Reset gemaach, sou dass den Arduino Programm (oder den “offizielle” Reset Programm aus der Kniwwelino FAQ) ëmmer gemault hunn dass keen Kniwwelino ugeschloss ass.

D’Léisung ass fir den Kniwwelino an de Flash Mode ze setzen an dann mëttels esptool d’Original Firmware (aktuell versioun 1.2) ze flashen.

Flash Mode

Häerzstéck vum Board ass jo den ESP8266 Chip. Dësen huet ee sougenannte Flash Mode wann een de GPIO0 mat GND während dem uschléissen verbënnt. Ech duecht dass den D0 den GPIO0 wier, mee wäit gefeelt. D0 + GND huet d’Board net an de Flash Mode gesat. Et schéngt wéi wann den GPIO0 um ESP8266 guer net op engem externen Pin ugeschloss ass.

Also muss en mëttels engem klengem Kabel den GPIO0 (um Bild den 5ten Pin vun lënks uewen um ESP8266, quasi iwwert dem 1ten “i” vun “WiFi”) mat GND verbannen:

Wichteg! Beim uschalten (lies: beim astiechen vum USB) mussen déi 2 Pins verbonne sinn. Nom booten brauchen se net méi verbonne ze sinn.

GPIO-0 an GND solle verbonne sinn.
GPIO-0 an GND solle verbonne sinn.

Original Firmware flashen

D’Instruktioune fir d’Flashe vun der Originaler Firmware rënnt een um Site an der Rubrik “Reset”

https://doku.kniwwelino.lu/en/faq

Do ginn et fäerdeg Package fir Windows an Debain Baséiert Linux wéi Ubuntu.

Ech hunn de Skript probéiert (3t Optioun).

Fir dass de Skript funktionéiert, mussen folgend Package installéiert sinn:

sudo apt install curl jq esptool

Den Account muss och Member vum Gruppe “Dialout” sinn :

sudo adduser <user> dialout

Wichteg! D’Ännerung ass réischt no engem Logout/login vum Account aktiv.

Beim 1ten Versuch kruut ech d’Feelermeldung:

curl failed to verify the legitimacy of the server and therefore could not establish a secure connection

D’Léisung ass quick’n Dirty, einfach am Skript iwwerall curl -o duerch curl -k -o ersetzen

curl -k = allow insecure connections when using SSL

Duerno ass de Skript duerchgelaaf an no e puer Minutten stoung do:

"Your Kniwwelino has been reset to firmware version 1.2.0"

De Kniwwelino start rëm normal (Text scrollt op der LED Matrix) an konnt rëm ganz normal mam Arduino programméiert ginn.

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2019/11/kniwwelino-factory-reset/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.