Home Assistant 1-Klick Android Widget

Home Assistant App fir Android huet ee nëtzlechen Feature deen ech réischt viru kuerzem entdeckt hunn. Et war lästeg fir ënnerwee ëmmer de Smartphone aus der Täsch ze huelen, d’Home Assistant App opzemaachen, de Schalter/Luucht sichen an déi dann un oder ausschalten.

Solch Aktioune kann ee mat engem Widget (Shortcut) direkt um Home Screen op engem Android Apparat maachen. Spuert immens vill Zäit mat nëmmen engem Klick!

Wéi geht dat?

Um Android Home Screen ee Widget dobäisetzen andeems ee laang op eng eidel Plaz dréckt. Dann an der Lëscht vun Widgets “Home Assistant” auswielen.

Zum Schluss muss een nach de Service auswielen dee soll opgeruff ginn (z. bsp. light.turn_on), eng Entitéit (z. bsp. light.gang) an dat ganz een (net ze laangen) Numm.

Duerch ee klick op de Widget gëtt déi Aktioun am Home Assistant ausgeféiert. Immens praktesch!

Permanent link to this article: https://www.hiscorebob.lu/2020/05/home-assistant-1-klick-android-widget/

Hannerlosst eng Noriicht:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.