Mir hunn eng relativ “al” Alarmanlag déi zu enger Zäit installéiert ginn ass wou d’Hiersteller nach keng Cloud Serviceer haten fir se à Distance ze verwalten.
Den offiziellen Zousatz Modul vum Hiersteller kascht +300€, an dat ouni d’Installatioun.
Ech hunn et fir ënnert 10€ hikritt.
An hei kënnt den Home Assistant an d’Spill, zesummen mat der Kommunitéit vun Entwécker déi an hierer Fraizäit Plugin fir dësen Eco-System entwécklen.
Am Home Assistant Community Store befënnt sech een Add-On fir Visonic Alarmanlagen.
De Code souwéi Dokumentatioun sin och um Github ze fannen:
https://github.com/davesmeghead/visonic
Dësen Add-on erméiglecht:
- Verwalten vun der Alarmanlage iwwert ee Netzwierk
- Benotzen vun den Alarm Sensoren (Fënster Kontakten, Bewegungs melder etc..) als Sensoren am Home Assistant
- All dëst ouni Cloud Funktioun, d.h. et bléift alles lokal
Alles wat benéidegt gëtt:
- ESP8266 mat 4 Dupont Kabel
- Master Eprom Download Code (gëtt an der Alarm Anlage selwer définéiert)
- Home Assistant mam “Community Store” Add-On an ESPHome
- e bëssi Zäit
Käschtepunkt: wäit ënnert 10€
Den ESP8266 gëtt mat ESPHome programméiert, an suergt dofir dass den Seriellen Interface vum System am lokale Netzwierk accessible ass, quasi een Dolmetscher also.
De Programm fir den ESPHome ass schnell erklärt:
<code>wifi: ssid: WIFI SSID password: PASSWUERT reboot_timeout: 1800s power_save_mode: none #Externe Komponent fir ESPHome lueden external_components: - source: github://oxan/esphome-stream-server #Hardware Log aus schalten, déi Pins gi fir den UART Bus gebraucht logger: level: DEBUG baud_rate: 0 uart: id: uart_bus baud_rate: 9600 tx_pin: 1 rx_pin: 3 stop_bits: 1 data_bits: 8 parity: NONE #Port definiéieren op deem de Kontroller déi Seriell Data um lokale Netzwierk publizéiert. stream_server: uart_id: uart_bus port: 10077</code>
Dëse Port, an dësem Beispill 10077, gëtt spéider am Add-on uginn fir dass d’Kommunikatioun funktionéiert.
Verkabelung
Den ESP8266 ass relativ kleng a kann am Gehäis vun der Zentrale “verstoppt” ginn.
- Roud – VCC (3,3V)
- Schwaarz – (GND)
- Gréng – TX (-> RX um ESP)
- Blo – RX (-> TX um ESP)
Konfiguratioun vum Add-On
Soubal den ESP8266 mam Wifi verbonnen ass kann ee mat der Konfiguratioun vum Add-on ufänken:
Home Assistant Front-End
Am Front-End tauchen dann déi eenzel Sensoren a Komponenten op.
Da kann ee sech eng Vue zesumme klicken mat den gewënschten Informatiounen
Um Smartphone gesäit et dann esou aus, praktesch fir vun auswärts ze kucken op d’Alarme un ass.
Uschalten vun der Alarme iwwert de Smartphone:
Wann de System bis am Home Assistant kann een sech Automatisme erstellen, wéi zum Beispill:
- Alarm automatesch uschalten wa kee méi doheem ass.
- Notifikatioun op den Smartphone wann Alarme Status ännert, oder am Fall vun enger Alarme
- Mëttels Bewegungsmelder vun der Alarme d’Luuchte un- oder ausschalten.
Rezent Kommentare