Lët’z Clock funktionéiert elo schon 2 Joer mat engem ESP8266 Mikrokontroller. Zäit fir een Upgrade.
Mëttlerweil si méi perfomant (a méi kleng) Mikrokontroller um Marché. Besonnesch déi “Xiao” Gamme vun Seeed Studio si mir an der Läscht positiv opgefall. Dës sinn immens kleng a bidden trotzdem een USB-C Port un. Et gëtt se a verschidde Varianten, mat ESP32-S3 an ESP32-C3 ënner aanerem.
Virdeeler :
- Méi kleng
- Integréierten USB-C Uschloss fir 5V Stroumversuergung (mat Data Pins)
- Kann direkt iwwert den USB-C programméiert ginn
- Méi Performant niveau Prozessor an Späicher
Nodeel: Wifi Antenne muss iwwert ee mini SMA Stecker ugeschloss ginn, soss ass den Wifi Empfang ziemlech schlecht.
Den ESP Code fir d’Lët’z Clock konnt no e puer Ännerungen op een ESP32-S3 programméiert ginn.
Déi éischt Auer leeft schon am Test mam neien Mikrokontroller:
Rezent Kommentare